eHandwierk Stammdësch - Firwat ginn Nohaltegkeets-Critèren och am Handwierk ëmmer méi wichteg?

eHandwierk Stammdësch - Firwat ginn Nohaltegkeets-Critèren och am Handwierk ëmmer méi wichteg?
Mardi 20 Juin 2023
18h00Regioun Mëllerdall
Beim eHandwierk Stammdësch diskutéieren Handwierker zesummen iwwert d'Zukunft vum Handwierk am Kontext vun engem spezifeschen Thema. Dat ganzt natierlech a flotter Ronn, an engem Bar/Café/Restaurant, an dat all Kéiers an enger anerer Regioun vum Land.
Ënnert dem Motto "Austauschen, Léieren, Networken" wëlle mir mat Iech diskutéiere firwat d'Nohaltegkeets-Critèren och am Handwierk ëmmer méi wichteg ginn, a wat an Zukunft a Saachen Nohaltegkeet a Regulatioun nach op de Secteur duer kënnt. Een immenst wichtegt Thema iwwert dat mir a gemittlecher Ronn bei onsem nächsten eHandwierk Stammdësch gäre mat Iech diskutéieren!
Sief et de Client, de Fournisseur oder d'Bank déi dono freet, d'Nohaltegkeet ass scho laang net just méi en "Buzz-Wuert". Dowéinst invitéiert de Service eHandwierk Iech op hiren nächste Stammdësch. Kommt an diskutéiert zesumme mat iwwert d'Zukunft vum Handwierk am Kontext vun der Nohaltegkeet.
Contact
Chambre des Métiers
Service eHandwierk
(+352) 42 67 67 - 505
ehandwierk@cdm.lu